Association Hub

Le projet vise la création d’un hub associatif sur le territoire des communes de Betzdorf, Junglinster et Niederanven. C’est un Projet PAN avec le soutien du :

LOGO-ZL

Le projet Association Hub était prévu pour 2 ans et malheureusement s’est terminé le 31 décembre 2024.

Informatiounsversammlunge – Neien ASBL- Gesetz

Fir eise komplette Kalenner ze gesinn, besicht w.e.g :

equisolidaire calendrier

Léif Gemengeresponsabel,

Dat neit ASBL-Gesetz trëtt den 23. September 2025 a Kraaft.  Dat bedeit fir är lokal Veräiner, dass hir Statuten bis dohinner musse konform sinn.

De Familljeministère ass sech bewosst, dass sech vill Associatiounen nach eng Rei Froen dozou stellen: Wat bedeit dat fir mäi Veräin? Wat muss ech maachen? Wou kréien ech gehollef?

Aus deem Grond huet de Familljeministère zesumme mat der Agence du Bénévolat eng ganz Rei Hëllefstellungen ausgeschafft fir d’Associatiounen heibäi z’ënnerstëtzen.

Op benevolat.lu fannt dir:

    * Eng Virlag/ee Modell vun neie Statuten, déi d’Veräiner fir hir Statuten huele kënnen. Oft ass et nämlech méi einfach d’Virlag ze huelen – d’Statuten also nei ze schreiwen – ewéi déi al Statuten un dat neit Gesetz unzepassen,
    * En Erklärungsvideo,
    * E praktesche Guide an
    * En FAQ mat den heefegste Froen, déi an deem Kader gestallt ginn.

Donieft invitéieren de Familljeministère an d’Agence du Bénévolat, a Presenz vum Familljeminister Max Hahn, op véier weider Informatiounsversammlunge zum neien ASBL-Gesetz:

AGENDA

Méindes den 17. Mäerz 2025
19h00
am Centre Atert zu Bartreng

Donneschdes den 24. Abrëll 2025
19h00
am Hall-O zu Déifferdeng

Mëttwochs den 21. Mee 2025
19h00
am Sall „Agora” am Trifolion zu Iechternach

Dënschdes den 17. Juni 2025
19h00
am Centre Culturel „Al Schmelz” zu Stengefort

* Ëmmer ab 19:00

All Versammlunge sinn op Lëtzebuergesch.

La traduction en français est assurée.

Zu Stengefort wäert et och eng Iwwersetzung op Gebäerdesprooch ginn.

Fir all weider Froen, gëtt et ab dem 19. Mäerz och eng Telefonshotline (26 12 10 80), wou d’Veräiner all Mëttwoch tëschent 14:00 an 17:00 uruffen a vun engem Jurist Äntwerten op hir Froe kréie kënnen.

Mir géifen Iech dowéinst bieden, dës Informatiounen un är lokal Veräiner weiderzeginn.

Bei Froen stinn de Familljeministère an d’Agence du Bénévolat Iech gären zur Verfügung.

Mat beschte Gréiss,

Sandra KILL

Responsable Bénévolat

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG
Ministère de la Famille, des Solidarités, du Vivre ensemble et de l’Accueil
13c, rue de Bitbourg . L-1273 Luxembourg

Links:
https://www.junglinster.lu
https://benevolat.lu/
http://www.mfi.public.lu/
http://www.gouvernement.lu/
http://www.luxembourg.lu/

Lien vers notre flyers explicatif
FRANÇAIS

Lien vers notre flyers explicatif
ALLEMAND

Lien vers notre flyers explicatif
ANGLAIS

Notre équipe

Ken de sousa

responsable du projet

Reuben Cole

responsable ICT

carole-anne fontaine

assistante administrative

Registered Office

EQUISOLIDAIRE ASBL

R.C.S. Luxembourg F13758

19 Rue du Village

L-6140 Junglinster

  OÙ NOUS TROUVER